Branche: CaraPio

carapio embleme 080

» Am Alter vun 14 bis 17 Joër
» Versammlung all Samsden vun 16:00 bis 18:00

carapio1 carapio2

Wee mir sin:

CaraPio ass d´Ofkierzung vun Caravellen an Pionéier. Mir wielen eis Entreprisen selwer raus a bereeden se dann och selbstänneg fir, woubäi eis, eis Cheffen ennerstetzen.
Dobäi léiere mir:

  • Verantwortung fir sech, dei Aner an d´Emwelt ze iwerhuelen
  • Selbstännegkeet
  • eis eege Grenze kennen
  • Zesummenarbecht am Grupp

Bei den CaraPio ass den Camp ganz oft am Ausland. Dobäi ass d´Kenneleieren vun frieme Kulturen, nei Frendschaften kneppen, Abenteuer erliewen am Gruppeliewen fir eis eng Erausfuerderung däer mir eis gäere stellen.

E puer vun eisen Aktiviteiten

  • Summercamp´en z.B. Save the Stau 2010
  • Weekender am Grupp, an eiser Trupp oder mat der Regionaléquipe Osten
  • Minicampen wei z.B. Bealtaine um Neiheischen
  • Sortien a Visiten z.B. an de Musée, Hochseilgarten
  • national CaraPio-Aktiviteiten wei z.B. d'Journée CaraPio
  • Verspriechensfeier
  • Entreprisen z.B. Theater spillen

Kontakt

Eis Cheffen sin:

Juchems Sarah, Marso Charel, Dechambre Daniel