Branche: RaRo

raro embleme 080

» Am Alter vun 17 bis 23 Joër
» Onreegelmeisseg Versammlungen

Wee mir sin:

raro

D´RaRo (Ranger a Rover) gin och nach "Route" genannt. Am Studium oder frësch am Berufsliewen, bei eis ass jidereen amgangen säin "Wee" ze fannen an erwuessen ze gin. Dei eelsten Branche ass awer och dei lescht Etappe am Guide-/Scoutsliewen eiert een Cheff get, oder als Ex-Scout emmer am Häerz eng Guide/e Scout bleift.
Selbstänneg organiséieren mir am Clan Projet´en, dobäi sin eis Zieler:

  • Cogestioun
  • Coeducatioun
  • Verantwortung iwerhuelen
  • Engagement
  • Développement communautaire

Eis Versammlungen sin net regelméisseg, mir organiséieren eis vill iwwer E-mail. Den Summercamp ass den Highlight vum Joer an doriwer eraus gin mei oder manner spontan aner Aktivitéiten gestart.

E puer vun eisen Aktiviteiten

  • Aktiviteiten wei z.B. Eerfierwen
  • Weekender am Clan oder am Grupp
  • national Weekender oder Aktiounen mat der Regionalequipe Osten
  • Odyssee dat sin national "Développement communautaire" Projet´en. 2010 wore mir dobäi a Bolivien, am Senegal an am Vietnam. 2013 a Bosnien an am Senegal.
  • Camp´en mam Clan wei den Camp 2007 a Kroatien

 

Kontakt

Eis Clancheftaine ass d'Michèle Mangen.