Branche: Wëllefcher

wellefcher embleme 080

» Am Alter vun 7 bis 11 Joër
» Versammlung all Samsden vun 14:00 bis 16:00

Wee mir sin:

wellefD´Wëllefcher (bei eis dei jenkste Branche) verbrengen bei eis 4 Joer wou se d´Liewen entdecken.

Dozou geheiert:

  • Entdeckungsfreed,
  • Kreativitéit a Fantasi an de Kanner waakreg maachen.

De symboleschen Hannergrond vun der Wëllefchersmethod as nach ëmmer dem Rudyard Kipling säin "Dschungelbuch". An dëser Geschicht gët e Jong, de Mowgli, am Dschungel ausgesat, gët vun den Déieren aus dem Dschungel opgeholl a geréit dann do an de Mëttelpunkt. Mir wëllen dëse Mowgli op séngem Wee zum Erwuessegi begleeden. Dacks huet hien et nët einfach op dësem Wee a geréit vun engem Abenteuer an dat anert. Mee séng Frënn aus dem Dschungel stin him daper zur Säit.

Dës Geschicht, déi u sech vill Parallelen vun eiser Gesellschaft opweist, liwwert nët nëmmen e flotten, abenteuerlechen a kandsgerechte Kader, mee huet doriwwer eraus och nach e ganze Koup edukativ Wäerter, déi mir dem Kand wëlle mat op de Wee gin.

E puer vun eisen Aktiviteiten

  • Summercampen z.B. nationale Wellefcherscamp Althing 2010 zu Heischent
  • Weekender a Chalet'en am Land matt der Trupp oder am Land
  • Sortien a Visiten
  • Versammlungen, Kinosnometteger, Beschspiller...

Kontakt

Eis Cheffen sin:

Mangen Michèle, Bosseler Tom, Mangen Sophie, Barbier Shannon, Pirotte Pierre, Mangen Stéphanie, Dechambre Céline

Stammet Paul, Klares Michel, Ley Sven, Treff Mathieu, Petry Julie, Köbke Stefan (Geleegentlech do Uni-bedengt)

a Pascal Dohn (fräie Mataarbechter)